Meng Approche
Ausgebrannt? Ängschtlech? Desorientéiert? Traureg? Spiert Dir Iech schëlleg? Dir hutt den Androck alles probéiert ze hunn, an trotz Ären Efforten, sidd Dir ëmmer an ëmmer erëm mat deenen nämmlechte Schwieregkeete confrontéiert? Vun Zäit zu Zäit stellt eis d’Liewe virun zolidd Erausfuerderungen, an heiansdo gesi mir eleng net méi d’Enn vum Tunnel. Eng Saach ass sécher: Dir an ech, mir hu just ee Liewen, an Dir sidd déi eenzeg Persoun mat där Dir ganz sécher Äert Liewe bis zum leschten Otemzuch wäert verbréngen. Wär et deemno net logesch Iech mat Iech selwer unzefrënnen, an Iech gutt ëm dëse Frënd ze këmmeren? Wann Dir reegelméisseg an deenen nämmlechte Situatiounen an d’Struewele gerot, kann et hëllefen ee Psycholog opzesichen, fir sou geziilt deen néidege Recul zu Ärem dagdeegleche Liewen ze huelen, an Iech op d’Rees no Iech selwer ze maachen.
De Milton E. Erickson huet d’Saach op de Punkt bruecht, andeems hie sot, dass d’Liewe selwer fir d’Leide suergt, mee dass et eis eege Responsabilitéit ass, fir Freed am an um Liewen ze suergen. Meng Aarbecht besteet doran, Iech dobäi ze ënnerstëtzen, besser op déi Ressourcen zréckzegräifen, déi Dir souwisou an Iech drot. Ech garantéieren Iech Diskretioun an ee respektvollen Ëmgang fräi vun Uerteel. Wärend de préliminaire Sëtzunge léiert Dir meng Aarbechtsmethode kennen, an ech kann evaluéieren, op ech Iech kann hëllefen. Wa mir zur Konklusioun kommen, dass mir zesumme wëllen a kënne schaffen, wäerte mir op reegelméissege Sëtzungen (à 50 Minutten) iwwergoen. Ech kann Iech net soen, wéi vill Sëtzungen Dir braucht, well ech mech grondsätzlech ëmmer der Vitesse vu mengem Vis-à-vis upassen.
Meng Approche ass integrativ, existenziell a positiv. Ech sinn der Iwwerzeegung, dass et nieft der Behandlung vu psychesche Krankheeten, immens wichteg ass dorun ze schaffen, besser a méi geziilt op de Räichtum vun den eegene perséinleche Ressourcen zréckzegräifen. Déi Themen, déi mir ganz besonnesch um Häerze leien, a fir déi ech och speziell ausgebilt gouf, sinn d’Depressioun, traumatesch Erfarungen an der Kandheet, Krankheet a Krankheet (physesch wéi psychesch) vun engem deen Iech no steet, Entwuerzlung, Burnout a Schwieregkeeten op der Aarbecht, Infertilitéit, eleng Mamm ginn aus eegenem Choix, périnatal Trauer an Trauer insgesamt, d’Erausfuerderunge vun neie Liewensofschnëtter, LGBTIQ+, souwéi d’Begleedung vu Persounen op der leschter Etapp vum Liewenswee. Nieft der Psychopathologie interesséieren ech mech fir positiv Psychologie an alles wat engem kéint hëllefen ee méi friddlecht an erfëlltent Liewen opzebauen. Yoga, Meditatioun, Zen Philosophie an d’Konzept vun der Dankbarkeet si perséinlech Interessegebidder an Inspiratiounsquellen.
Mäi Parcours
Ech hunn a sechs europäesche Länner gewunnt a gelieft (Portugal, Lëtzebuerg, Frankräich, Spuenien, Belsch an England). Nodeems ech meng Studien als Iwwersetzerin (ISTI) erfollegräich ofgeschloss hat, hunn ech decidéiert mäi Kandheetsdram ze realiséieren, a klinesch Psychologin (ULB) a Psychotherapeutin (GERCPEA, Autorisatioun n° 2016.06.012/PSYCHO vum Collège Médical) ze ginn.
Ech schaffe routinéiert a fënnef Sproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch, Portugisesch a Spuenesch), an ech kann op räich an ganz diversifizéiert professionell Erfarungen zréckblécken: eng Rei Joren an der ambulanter Sozialpsychiatrie (Le Canevas, Réseau Psy Psychesch Hëllef Dobaussen); een halleft Joerzéngt am Cabinet Médical vum Europäesche Parlament; Psychiatresch Klinik; Privatpraxis (fir d’éischt op der Place d’Armes, duerno zu Helsem/Walfer, an elo zu Boufer/Lorentzweiler); ech hu mat zukünftegen Infirmièren an Aide-Aide-soignante geschafft (LTPS), souwéi um Planning Familial. Ech bilde mech kontinuéierlech weider, stelle mech reegelméisseger Supervisioun, an hunn iwwer fofzéng Joer perséinlech Erfarung mat Psychotherapie. Ech schaffen no strikten ethesche Standarden a konform zum Code de Déontologie vun de Psychotherapeuten am Collège Médical. Säit 2007 sinn ech och een aktive Member vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie (SLP).
Praktesch Informatiounen
Ech bidden individuell Consultatioune fir Erwuessener un. Rendezvouse ginn exklusiv per Telefon (+352 691 40 10 20) verginn. Wann ech an der Consultatioun sinn, ginn ech prinzipiell net un den Telefon, well meng ganz Opmierksamkeet mengem Vis-à-vis gëllt. Hannerloosst dofir w.e.g. einfach ee Message (um Band oder per SMS) mat Ärem Numm an Ärer Nummer, an ech ruffen Iech schnellstméiglech zréck.